/
Videomessage Gebietsuleies

Wëllkomm

E Ruff - eng Aufgab - e Wee... e Plang vum Herrgott!
D'Communautéit "Auberge de Dieu - Herberge Gottes" ass eng kathoulesch, charismatesch Gemeinschaft, déi an den 1980er Joëren entstaan ass duerch d'Erfahrung vun der Daaf am Hellege Geescht, duerch d'Beréirung vum Gleichnis vum barmhäerzege Samariter an duerch den Asaz bei ville Mënschen a grousser Nout. D'"Auberge de Dieu" ass kee Retraiten-Haus oder Klouschter, mais daat oppent Häerz vun eisem Häer an Erléiser Jesus Christus. Mir gesin eis Missioun doran, Mënschen an Nout an d'Herberg ze bréngen, fir dass se do a vertrauensvollem Gebiet Heelung a Befreiung fannen. Mir kommen virun allem zesummen all Donneschdeg owend em 20 Auer fir déi helleg Mass ze feieren, an den drëtte Sonndeg vun all Mount vun 13 Auer un fir en Heelungsdéngscht an der Kiirch zu Gilsdrëf.